Wootleche Krich
Wootleche Krich spillt 1965 an der Zäit vum Kale Krich. Mësstraue schléit engem op all Eck an d’Gesiicht, Gerüchter ginn ëm, Ufeindunge ginn ëmmer méi heefeg. An dotëscht steet dem Nick seng Clique, déi probéiert d’Wourecht erauszefannen. D’Wourecht iwwert ee vermeintleche Kommunist, iwwert een, deen onschëlleg Leit verflucht, iwwer dat, wat d’Gesellschaft anscheinend bedrot. Et ass eng Sich no Äntwerten, no Identitéit, no dem grouse Sënn hannert allem. De Roman verbënnt Theme wéi Kultur, Relioun, Sozialpolitik an Ideologien a verwurrelt se bis zur Onkenntlechkeet, fir se herno nees eenzel a kloer un d’Liicht ze bréngen. De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Sengesgläiche sicht. D’Mentalitéit aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen a weist, wéi d’Liewen an der Minettsregioun deemools war. Wootleche Krich beinhalt verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn.
Autor: | Hoscheit, Jhemp |
---|---|
ISBN: | 9789995942465 |
Auflage: | 1 |
Sprache: | metaCatalog.groups.language.options.luxembourgish; letzeburgesch |
Seitenzahl: | 424 |
Produktart: | Gebunden |
Verlag: | Éditions Guy Binsfeld |
Veröffentlicht: | 05.10.2018 |
Untertitel: | Roman |
Schlagworte: | 60er Jahre Esch Historisch Jugendroman Kirche Kommunisten Luxemburg Nachkriegszeit |