Zum Hauptinhalt springen Zur Suche springen Zur Hauptnavigation springen
Herzlich Willkommen!
„Iesel” ass eng aussergewéinlech Erzielung vum Jean Back, déi de Lieser réiert an hie bis déi lescht Zeil net méi lassléisst. Dem Jean Back geléngt et, mat senger Geschicht iwwert déi besonnesch Bezéiung tëscht engem Banquier an engem Iesel e pechschwaarzt Bild vun der Verréiung vun eiser Gesellschaft ze zeechnen. De Broker Till lieft mat senger Fra Lucie an de Kanner Mireille an Tom an enger restauréierter Millen, déi mëtten an enger houfreger Wunngéigend läit. Fir de Kanner eng Freed ze maachen, keeft en hinnen en Iesel. Dobäi erfëllt d’Déier d’Funktioun vun der Méimaschinn grad ewéi vun der Dekoratioun vun der Proprietéit – Et ass eng Investitioun an d'Haus. Alles schéngt perfekt, d’Famill, de Beruff, mee op engem gewéinlech Dag geschitt eppes Onerwaartes – duerno ass näischt méi wéi virdrun.
Autor: Back, Jean
ISBN: 9789995942298
Auflage: 1
Sprache: metaCatalog.groups.language.options.luxembourgish; letzeburgesch
Seitenzahl: 90
Produktart: Buch
Verlag: Éditions Guy Binsfeld
Veröffentlicht: 15.11.2017
Untertitel: Erzielung
Schlagworte: Gesellschaft Iesel Jean Back Lëtzebuerg Verrohung der Gesellschaft gesellschaftskritisch